Am Kader vum Weltkriibsdag huet d’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg vun Dikrech sech fir d’Fondation Cancer engagéiert.

Tëschent dem 24. Januar an dem 3. Februar si fir all Menü, wou am Restaurant Alexis-Heck zerwéiert ginn ass, 10 € un d’Fondation Cancer gespent ginn. Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 1.270 € iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten, wärend engem Mëttegiessen am Restaurant Alexis-Heck, häerzlech Merci gesot fir dës Solidaritéits-Aktioun. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen. (Source: RTL)