Sélectionner une page

Mini Chef au LTHAH

Den 23. September war et esou wäit. Zu Dikrech an der Hotelschoul hu sech 13 Minikäch afonnt, Meedercher a Jongen tëschent 9 an 13 Joer. Et war e risegen Erfolleg, d’Kanner hunn e puer Informatiounen iwwer d’Kichen, iwwer d’Hygiène krut. An dunn ass et un d’Dëppe gaangen, jidder Minikach huet seng eege Lasagne gemaach, Nuddelsdeeg gekniet, Bolognaisezooss a Bechamelszooss gekacht an du seng eege Lasagne zesummegesat, déi hien owes mat senger Famill genéisse konnt.

Si treffe sech all zweete Samschdeg op verschiddenste Plazen am Land, fir ze kachen an
ze schmaachen. An deenen nächste Woche steet nach eng Visite an der Provençale un, e Stand um Maart an der Stad, eng Visite bei “Pain et Tradition”, en Dag um Haff etc.

Share This